Memorial, A 236 vum 27.12.2007, Budget de l’Etat 2008

Déngt mol driwer no, dann wess der op manst wou een Deel vun ären Stéieren hi geet ..

Geheit dach emol é Bleck ann de Memorial, A 236 vum 27.12.2007, Budget de l’Etat 2008, da kennt der schwarz op weiss liesen:

– dat nemmen 40% vun den Autotaxen ann de Kyotofong afleissen.(art.24, Seit 4097) No Lux’scher Autosteiererheichungsmotivatioun bezuelen mir Autofuerer also 60% zevill a fir aaner Zwecker.

– dat d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs mat 830 000 Euro vum Ministère de l’Economie (och e Sozi) gesponsort gett (art. 33 000), ann sech dofir wahrscheinlech esou bedeckt hält a Saachen Autosteier.

– dat de Ministère des Transports (alias LuLu) « organismes privés oeuvrant en matière de sécurité et d’éducation routière » (a wé soll dat wuel sinn ?) mat 75 000 Euro (art. 33010) subsidieiert,

– dat « promotion de la presse écrite » vum Ministère d’Etat mat 7 393 308 Euro gesponsort gett (art. 31050),

– dat de « produit des amendes en matière répressive » zu 5% un dei Polizisten verdeelt gett « qui ont donné des preuves réelles (!) de leur zèle (!), de leur intelligence (!) et de leurs capacités (!) dans l’accomplissement habituel des devoirs de leur service » (art,15, Seit 4096),

all daat ann nach villes mei ass am öffentlechen Budget de l’Etat 2008 op www.legilux.public.lu nozeliesen, elo misste mir jo awer esou munches verstaan hunn…

.. ass haut eran gescheckt ginn